Harmonie Kleinbettingen

Museksveräin vun Klengbetten

Grënnung

D' Klengbettener Musek gouf den 30. August 1894 vun Eisebunner an Douanieren déi zu Betten stationéiert waren ënnert dem Numm "Musik-, Gesang- und Feuerwehrverein Bettingen" gegrënnt. D' Gesang- an Pompjeessektioun sinn zimlech fréi opgeléist ginn an am Laf vun de Joren krut de Veräin den Numm Fanfare Kleinbettingen. Am Joer 1968 ass aus der Fanfare eng Harmonie ginn. An säit 2006 ass d' Harmonie Kleinbettingen eng ASBL.

Memberen

Den 31. Dezember 2024 hate mir 86 Memberen:

  • 60 Musikanten
  • 21 Instrumentalschüler an aner Memberen
  • 4 net Musikanten an aner Memberen
  • de Chef Rob Köller

Haaptevenementer

Am Laf vum Joer spillt Musek zeg Concerten an Cortègen. Mee ob verschidden Evenementer sinn mir besonnesch houfreg: eisen Show-Concert am November wou mir extra Deeler aus der Museksgeschicht erëm opliewen loossen; säit 2016 spillen d' Musikanten mat der Ënnerstëtzung vun Kollegen och erëm Theater; Ufank September kenn Grouss an Kleng en flotten Weekend zu Stengefort um Dag bei der Baach erliewen. 

Hexenderby 🥳

Fuesend zu Klengbetten, an den Hexenderby ass nees um Start!
Kommt also mat Zäiten, verkleed mat äerem schéinsten Kostüm an danzt an den Owend mat eis eran!

Link: Facebook-Event mat allen Informatiounen.



Dei nächst Manifestatiounen

  • Assemblée Générale
    Samschdes den 31. Januar 2026 zu Klengbetten am Museksall
  • Hexenderby
    Samschdes den 07. Februar 2026 zu Klengbetten am Museksall

Fotoen vun deenen leschten Manifestatiounen

D' Fotoen vun eisen rezenten Evenementer sinn ob Facebook erëmzefannen:

Hei och een Video vun engem rezenten Optrëtt:

Kontakt

Mir bidden Iech verschidden Méiglechkeeten mat eis Kontakt opzehuelen: